SchoulrentréeSEW fuerdert, dass Quereinsteiger just bei Penurien agesat solle ginn

RTL Lëtzebuerg
Donieft plädéiert den SEW dofir, datt d'Schoulen Handy-reduzéiert ginn an och Tablets a Computer manner benotzt ginn.
SEW fuerdert, dass Quereinsteiger just bei Penurien agesat solle ginn
Eng aner Approche zur Inclusioun, méi Ënnerstëtzung fir Enseignanten a Krisesituatiounen a Quereinsteiger just am Fall vu Penurië wënscht sech den SEW-OGBL.

Eng aner Approche zur Inclusioun, méi Ënnerstëtzung fir Enseignanten a Krisesituatiounen a Quereinsteiger just am Fall vu Penurien - dat fuerdert d’Enseignantsgewerkschaft SEW-OGBL am Virfeld vun der Schoulrentrée. D’Gewerkschaft wënscht sech méi Donnéeën zu der Situatioun vu Schüler mat spezifesche Besoinen an e Konzept fir sougenannte “Systemsprenger”.

Quereinsteiger just bei Penurien

Et sollt eng beruffsbegleedend Formatioun fir Chargéen ugebuede ginn an d’Quereinsteiger-Formatioun sollt just fir begrenzten Zäit ugebuede ginn, wann net genuch Personal do ass. D’Gewerkschaft stellt da fest, datt ëmmer nees Drock op Enseignanten ausgeüübt gëtt.

© Fanny Kinsch

Dat géing goe bis zur illegaler Iwwerwaachung op der Aarbechtsplaz. Souwuel Membere vu Regionaldirektiounen an der Primärschoul, wéi Direktiounsmembere a Lycéeë géingen Enseignanten decouragéieren, sech un d’Gewerkschaften ze riichten.

Handy a Schoule reduzéieren

Donieft plädéiert den SEW dofir, datt de Gebrauch vum Handy a vum Tablet soll-reduzéiert ginn, esou de Michel Reuter.

Ech mengen de grousse Problem ass jo d’Screen Time, mir gi jo permanent beriselt vun Ecranen, dofir den Handy, natierlech ass Beriselung, do ass och Social Media, mee wann een dann och den iPad huet, do kritt een dann och Social Media.

Extrait Michel Reuter

Donieft plädéiert den SEW dofir, datt d’Schoulen Handy-reduzéiert ginn an och Tablets a Computer manner benotzt ginn.

Drock op Enseignante geet erop

D’Gewerkschaft stellt da fest, datt ëmmer nees Drock op Enseignanten ausgeüübt gëtt, esou d’Vera Dockendorf.

Mir stelle schonn eng Heefung vu Konflikter eeben och a gewësse Lycéeë fest, wou een och dovun ausgoe konnt, dat se strukturell sinn. Also d’ Leit rapportéieren, datt eeben e respektlosen Ëmgangstoun herrscht, datt, dat stelle mer och fest, datt zum Beispill Aarbechtsrecht a punkto Iwwerstonnen, wat do de Leit opgedrummt gëtt, net agehale gëtt, Kontrakter, déi ze spéit ënnerschriwwe ginn. D’ Leit kommen ouni Kontrakter schaffen, zum Deel, a verschidden Lycéeë, wat eigentlech och net okay ass. An dann eeben och Saachen, wou Leit sech eeben harceléiert spieren.

Extrait Vera Dockendorf

Virun allem an 3 bis 4 Lycéeë géif et sou Problemer ginn, sou den SEW. D’Gesetzreform vun 2016 hätt d’Personalvertriedunge par Rapport zu den Direktioune geschwächt.

Back to Top
CIM LOGO