Dee Wee zréck an d’Normalitéit ass wäit. An och, wann d’Regierung verschidde Mesurë geholl huet, sou droen déi nach net déi gewënschte Friichten. Wärend de leschten 12 Méint goufen et vill Faillitten, déi natierlech och en Impakt op den Emploi hunn. Wéi den Tom Wirion vun der Chambre des métiers erkläert, gouf et am leschte Joer e Réckgang vun 8% vum Emploi an der Konstruktioun. Vun 54.500 Plazen ass een erof op 50.000.
Faillitten hätten et am Secteur ëmmer scho ginn, seet dann de Jean-Luc De Matteis vum OGBL. De Moment wieren et awer virun allem déi kleng Betriber, déi net forcement déi richteg Ressourcen an Organisatioun haten, fir sech richteg opzestellen, déi musse Faillite erklären. Mä déi Leit géifen awer ganz séier vum Secteur opgefaange ginn, well eng Demande vun enger Main d’oeuvre do wier, betount de Jean-Luc de Matteis.
Verschidden Deeler vun der Konstruktioun goufen zejoert jo vun der Regierung fir en halleft Joer a Kris gesat. Déi Mesure vum Chômage partiel wier awer net verlängert ginn, well se praktesch net benotzt gouf.
De Robert Fornieri vum LCGB seet am RTL-Interview, datt een aktuell nach keng Reprise erkennt a just verschidden Aktivitéite lues a lues erëm ulafen. D’Investissementer vum Staat an de Secteur géifen a sengen Aen och einfach net duergoen. E weidere Problem géifen d’Banken duerstellen, déi nach ëmmer ganz rigouréis sinn, fir Prêten ze maachen. Den Zënssaz wier zwar erofgaangen, mee net genuch, fir datt wierklech erëm Opschwong an de Secteur kënnt.
Wéini et erëm richteg lassgeet am Logement, wier nach net virauszegesinn, seet och de CEO vu Stugalux Construction SA. D’Baufirma huet lescht Joer jo missen e Sozialplang ënnerschreiwen. Dee sollt fir 65 vun den 180 Leit vun der Baufirma gëllen, a Realitéit goufen awer just 34 Leit entlooss. Wat méiglech war duerch eng Reorganisatioun a Reorientéierung huet de Joel Schons am Interview erkläert:
“Eng aner Solutioun, déi mir geholl hunn, dat ass, datt mir privat als Proprietäre vun der Entreprise vill Suen dragestach hunn a mir hunn d’Entreprise ëmgedréit. Soss hu mir op Plang verkaaft an esou séier wéi gebaut war, konnt een eng Rechnung schreiwen. Elo baue mer d’Haus komplett fäerdeg. A wann et fäerdeg do steet, deen Ament gëtt et verkaaft an da kommen d’Suen eran.”
Dat hätt awer och matsechbruecht, datt wärend bal engem Joer d’ganz Entreprise huet misse funktionéieren ouni eng Rechnung auszestellen. Et wier e schwéiert Joer gewiescht, mee et wier een elo awer iwwert de Bierg ënnersträicht de CEO vu Stugalux Construction.
D’Gewerkschaften haten am Januar 2024 fir e “Plan de maintien dans l’Emploi” plädéiert. Et wier een awer an enger Kris gewiescht, wéi et se am ganze Land zanter iwwer 30 Joer net ginn hätt an dofir wier een dem Joel Schons no einfach net laanscht de Sozialplang komm. Haut wier d’Situatioun scho vill besser, ma d’Logementskris wier definitiv nach net iwwerbréckt.