Méiglech Infektioun vu Mamendéiere mam Vullegripp-VirusSituatioun gëtt enk suivéiert, sou Ressort-Ministeschen

RTL Lëtzebuerg
Och wann d'Vullegripp sech dem aktuelle Wëssensstand no net tëscht Mënschen iwwerdréit, sinn déi concernéiert Instanzen hei am Land alertéiert.
© RTL Grafik

Dat, well sech déi lescht Méint ëmmer méi Mamendéiere mam H5N1-Virus ugestach hunn, ënnert anerem Mëllechkéi an den USA.

Hei am Land suivéieren d’Direktioun vun der Santé an d’Veterinärsverwaltung d’Situatioun ganz enk, obwuel et dëst Joer nach kee Fall vu Vullegripp bei Gefligel, wëlle Vullen oder Mamendéiere gouf. D’Vereenten Natiounen estiméieren de Risk vum H5N1-Virus fir d’mënschlech Gesondheet dann och als kleng bis moderéiert.

D’zoustänneg Ministeschen Deprez an Hansen soe sech awer prett fir de Fall, dass de Vullegripp-Virus sech géif bei de Bestänn vu Mëllech-Véi an Europa ausbreeden. Duerfir géifen et aktiv a passiv Surveillance bei wëlle Vullen a Gefligel am Land ginn.

E preventive Screening vun de Mëllechkéi-Bestänn a Lëtzebuerger Betriber ass bis ewell net virgesinn, well d’H5N1-Souche, déi an den USA zirkuléiert, bis ewell nach net konnt an Europa nogewise ginn. Aus den USA ginn dann och keng Béischten a Lëtzebuerg importéiert, sou datt d’direkt Kontaminatioun tëscht Déiere kann ausgeschloss ginn.

Dës Prezisioune gi béid Ministeschen an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Norddeputéierte Jeff Boonen.

Back to Top
CIM LOGO