
Ugefaangen op der A6, wou géint 17.15 Auer den Noutdokter op der Plaz war, nodeems e Motocyclist gefall ass.
Kuerz virun 18 Auer krute sech dann an der Nidderkuerer Strooss zu Suessem zwee Autoen ze paken. Dat nämmlecht war nëmmen e puer Minutte méi spéit um CR162 tëscht Haassel a Fëlschdref de Fall. Bei béiden Accidenter gouf jeeweils eng Persoun blesséiert.
Um 18.15 Auer sinn zu Keel an der Diddelenger Strooss en Auto an e Moto aneneegerannt. Och hei gouf et ee Blesséierten.
Zwee Blesséierter goufen et da géint 18.20 Auer, wéi zu Réimech an der Route du Vin zwee Autoe matenee kollidéiert sinn.
Um 19.17 Auer krut dann en Auto zu Fenteng an der Rue Armand Rausch e Cyclist ze paken, deen dobäi blesséiert gouf.