
Derbäi goufen zwee Leit blesséiert.
Op der N1 tëscht Wecker a Bierg gouf um 13.34 Auer ee Cyclist vun engem Auto ugestouss. Heibäi gouf eng Persoun verwonnt.
Um 14.10 Auer gouf op der Place de la Gare an der Stad e Kand ugestouss a gouf derbäi blesséiert.
Da krute sech géint 14.34 Auer tëscht der Grenz bei Diddeleng an Hetteng (F) op der A31 zwee Autoen ze paken. Zwee Verwonnter gouf et hei.
Zu Iechternach war et um 16.07 Auer an der Rue Bendedikt Zender d’Chute vun engem Motocyclist. Hie gouf derbäi blesséiert.