Deviatioun zu HousenSiwe Chaufferen hunn allgemengt Fuerverbuet net respektéiert

RTL Lëtzebuerg
Wéinst Bauaarbechten zu Housen ass d'N7 a Richtung Norden den Ament gespaart a muss groussraimeg ëmfuer ginn.
© Police

An deem Zesummenhang huet d’Police dës Woch zu Housen verstäerkt Kontrolle gemaach. Wéi et am Policebulletin heescht, goufe siwe Chaufferen erwëscht, déi dat allgemengt Fuerverbuet (74 Euro) net respektéiert hunn. Ee Chauffer war donieft net ugestréckt a säi Gefier war net richteg immatrikuléiert.

Back to Top
CIM LOGO