
Den haut 29 Joer ale Mann war am Juli 2022 an zwee verschidden Haiser zu Uewerkäerjeng agebrach. Eent dovunner stoung awer eidel. Bei deem aneren Abroch war hie vum Proprietär vum Haus iwwerwältegt ginn a gouf vun der Police festgeholl.
Den Ament vun der Dot war de Mann eréischt zanter dräi Méint fest bei der Police agestallt. A sengem Blutt war en Alkoholwäert vun 1,7 Promill gemooss ginn.
Festgehalen hunn d’Riichter elo an éischter Instanz 7 Joer Prisong mat integralem Sursis. Fir de Sursis probatoire muss hien awer a psychiatresch oder psychologesch Behandlung goen. De Parquet hat 15 Joer Prisong gefrot, mat engem Deel dovunner fest.
Ma net just wéinst dësem Fall huet de Mann sech musse viru Geriicht veräntwerten. Am Juni 2022 hat hien um 9 Auer Owes zu Zolwer mat zwou vu sengen Déngschtwaffe 26 Mol op zwee geparkte Camione geschoss. Dëst mat Munitioun, déi hie sech privat kaaft hat.
D’Riichter hunn hei een an en halleft Joer Prisong mat integralem Sursis festgehalen an eng Geldstrof vun 1.500 Euro. Och hei ass de Sursis probatoire u bestëmmte Konditiounen, wéi eng psychiatresch oder psychologesch Behandlung gebonnen. De Parquet huet zwee Joer an aacht Méint Prisong gefrot.
D’Urteel ass nach net rechtskräfteg. All d’Parteien hunn nom Urteel 40 Deeg Zäit, fir an Appell ze goen.