Wärend déi eng am digitalen Zäitalter opgewuess sinn, ginn et awer nach vill Leit, déi sech mat den neien Technologië schwéier dinn.
Virun allem, well ëmmer méi administrativ Demarchen digital gemaach ginn, ass et wichteg, den Ëmgang mat der digitaler Welt ze beherrschen an ze verstoen. Am sougenannte “SmartCafé” sollen d’Leit weidergehollef kréien. Dat bei enger Taass Kaffi an engem Stéck Kuch, wéi de Jerry Hartung, Sozialschäffe vun der Gemeng Déifferdeng erkläert:
“De Projet SmartCafé ass u sech geduecht, fir dass Leit, déi eeben net esou fit si mat den neien Technologien, fir sech domadder kënne vertraut ze maachen, dass se hei d‘Informatioune kréien. Et gesäit een haut, dass vill Leit kommen, déi einfach generell Froen hunn a keng spezifescher, mee och wann se spezifesch Froen hunn, kënne se sech gäre hei bei eis mellen.”
Den Département du vivre-ensemble schafft zesumme mat “GoldenMe“, enger Asbl, där hiert Zil et ass, besonnesch eelere Leit digital Technologie ze erklären, a méi no ze bréngen.
D’Anne Frausing ass responsabel fir d’Organisatioun vun de Weiderbildungscoursen a bréngt och selwer de Leit den Ëmgang mat den digitalen Apparater bäi:
“Also dacks geet et vun engem spezifesche Problem aus, et sinn och Leit, déi hunn alles op Pabeier, eng ganz Säit voll Froen, déi se opschreiwen soubal se an de Kapp kommen. Vun enger Fro kënnt een dann awer oft op ee méi grousst Theema, wou een dann iwwer verschidde Saache ka schwätzen, wou méi allgemeng sinn, wou éischter Sensibilisatioun sinn, wou een d‘Leit drop opmierksam mécht. Alles wat zum Beispill mat ‘Phishing’ ze dinn huet oder verschidden Astellungen, wou si elo net wëssen, dass et se gëtt, mee wou awer gutt sinn, se drop hinzeweisen. Dat heescht et ass ee Mix vun deenen zwee.”
E Méindeg waren ewell eng gutt Dose Leit beim SmartCafé zu Déifferdeng dobäi. Esou och d‘Sabine Reuter-Schmitz, si huet sech vun Ufank u gutt encadréiert gefillt:
“Also ich möchte gerne Homepage machen, dass ich etwas nachschauen kann und dann möchte ich gerne lernen zu mailen. Also eine Mail schreiben, empfangen und anderes auch noch villeicht. Ich habe eine Zeit lang gemalt, als Vorlage das Tablet benutzt. Man kann so viel machen mit dem Tablet, ich lass mich mal überraschen.”
Fir beim SmartCafé matzemaachen, muss ee sech am Viraus umellen. Genee Informatioune fënnt een op den Internetsitte vu “GoldenMe” a vun der Stad Déifferdeng. Dat Ganzt ass gratis. De Projet gëtt vum Familljeministere finanzéiert.
De SmartCafé ass zanter all Méindeg vu 14.00 bis 16.00 Auer op.