Staatleche Promoteur huet 2023 eng Perte gemaachSNHBM wëll méi a méi seier bauen

RTL Lëtzebuerg
Ënner dem Stréch steet e Verloscht vu 5,4 Milliounen Euro bei der Société Nationale des Habitations à Bon Marché (SNHBM).
Staatleche Promoteur huet 2023 eng Perte gemaach
SNHBM well elo méi a méi seier bauen. De staatleche Promoteur huet d’lescht Joer 230 Logementer an de Bau ginn.

Dat, well déi Wunnengen, déi fäerdeg goufen an an der Comptabilitéit clôturéiert goufen, net genuch Recettë generéiert hunn, fir d’Käschte vun alle Chantieren ze decken. D’Resultat pro Chantier wier awer positiv, huet den Direkter Guy Entringer betount.

D’SNHBM kann déi Perte mat hire Reserven decken. Si huet d’lescht Joer 146 Milliounen Euro investéiert. De staatleche Promoteur huet d’lescht Joer 230 Logementer an de Bau ginn.

Mat 160 Logementer goufen der däitlech manner fäerdeg wéi 2022, wou 289 Logementer fäerdeg gestallt gi waren. Et hätt aus ënnerschiddleche Grënn Retarden op verschidde Chantiere ginn. D’SNHBM hat 2023 951 Logementer am Bau. Och dat sinn der liicht manner, wéi am Virjoer. Si huet och hire Parc locatif ausgebaut a verlount antëscht 532 Logementer.

© Monica Camposeo / RTL

Den Direkter vun der SNHBM, Guy Entringer, relativéiert d’Nouvelle vun der Perte: “Et ass well mer net genuch Wunnengen, déi am Verkaf sinn um Chantier ofgeschloss hunn a nëmmen déi Chantieren ginn herno an der Compta berécksiichtegt. An dofir sinn am leschte Joer d’Chifferen net opgaangen. Dat ass awer net dramatesch. All eenzelen Chantier fir d’SNHBM war scho nach positiv.” An dëst Joer wäerten d’Zuelen deemno och nees schwaarz sinn.

Ma wouru louch dat? D’Presidentin Annick Rock seet, et hätt een e puer Retarden accumuléiert: “D’Clienten sech och d’Kreditter net leeschten, well insgesamt d’Baukäschten massiv an d’Luucht gaangen sinn. Dobäi sinn och d’Zënsen an d’Luucht gaangen. Dat heescht d’Clienten haten et einfach méi schwéier fir Wunnengen ze kafen.”

De Moment huet d’SNHBM dofir 137 Wunnengen an Haiser en état futur d’achèvement an der Vente. Ma d’Regierung huet och d’Plaffongen vun den Akommes gehéicht, déi d’Clienten vun der SNHBM maximal däerfen verdéngen, erkläert de Guy Entringer: “Eigentlech praktesch d’ganz Populatioun ass eligibel fir eng Wunneng bei der SNHBM ze kafen.”

An et gëtt e Liichtbléck, seet d’Annick Rock: Bis Enn Mee goufen dëst Joer schonn 31 Actes de Vente ënnerschriwwen. D’lescht Joer waren et der am ganzen 45. Doriwwer eraus huet huet d’SNHBM déi lescht Joren hire Parc locatif op 532 Logementer ausgebaut. Déi Efforte gi virun, esou den Direkter an och de Staat keeft jo den Ament Wunnengen, déi am Bau sinn: “An e puer Joer wäerte mer op deenen 1000 Wunnenge sinn, dat wäert relativ schnell goen.”

D’SNHBM huet d’lescht Joer 146 Milliounen Euro investéiert. Si huet 230 Wunnengen an de Bau ginn an 160 Chantiere fäerdeg kritt. Ma vun 2026 soll de Rhythmus ferm an d’Luucht goen, op 400 Logementer d’Joer, déi an de Bau ginn. Dofir sicht de staatleche Promoteur de Moment zesumme mat den zoustännege Ministèren no neien Terrainen.

Back to Top
CIM LOGO