CGDISSolarpanneauen hu Pompjeesasaz zu Pëtten net einfach gemaach

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg am Nomëtteg gouf de CGDIS wéinst engem Brand op Pëtten (Um Weyer) geruff. Hei hat den Daach vun engem Haus gebrannt.
© CGDIS

Komplizéiert goufen d’Läschaarbechten doduerch, dass den Daach integréiert Solarpanneauen hat. D’Isolatioun ënnert dëse Panneauen hat gebrannt, wouduerch den Accès zimmlech komplizéiert war.

Beim Asaz gouf kee blesséiert.

*An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, dass den Asaz zu Pretten war. De CGDIS hat sech awer am Asazbericht geiert an huet et spéider op Nofro hi korrigéiert, dass de Brand net zu “Prettingen” war, ma zu “Pettingen”, deemno Pëtten amplaz Pretten.

Back to Top
CIM LOGO