Mesurë lafen Enn 2024 ausSolidaritéitspak huet zejoert 332 Milliounen Euro kascht

RTL Lëtzebuerg
De Solidaritéitspak, deen am Mäerz 2022 decidéiert gi war, fir d'Fraise vun den Energiepräisser ofzefiederen, huet de Staat eng 332 Milliounen Euro kascht.
© AFP

Ronn 332 Milliounen - dat sinn d’Käschte fir de Staat, déi de Solidaritéitspak zejoert mat sech bruecht huet, deen am Mäerz 2022 an der Tripartite decidéiert gi war, fir d’Fraise vun den Energiepräisser ofzefiederen.

Eleng bis am Mee dëst Joer chiffréiere sech déi hallef Dose Mesuren op Käschte vun 151 Milliounen Euro - Mesuren, déi jo um Enn vum Joer auslafen. Ënnert anerem sinn dëst jo d’Präisbremse fir Stroum, Gas a Pellets.

Parallel zu dëse Mesurë sinn d’TVA-Recettë fir de Staat erofgaangen an hu sech zejoert fir Mazout a Bensinn nach op 308 Millioune chiffréiert - iwwerdeem et 2022 nach 413 Millioune waren. D’TVA-Recetten um Gas gounge vun 71 op 41 Milliounen zeréck. Dës Chifferen nennen d’Ministere Roth an Delles an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Georges Engel.

Interessant ass nach en anere Chiffer: sou kritt de Staat als Aktionär vun der Creos d’Joer eng Dividend vun knapp enger hallwer Millioun iwwerwisen - fir dëst Joer ass iwwerdeem vun der ENCEVO eng Dividend vun 20 Milliounen z’erwaarden.

D'Äntwert op d'parlamentaresch Fro vum Georges Engel.

Back to Top
CIM LOGO