
Domat huet de Juli 2022 en neie Rekord op d’Bee gestallt. Rekordmeeschter war bis dato de Juli 2018 mat 348 Stonne Sonn.

Et war e sonnegen a gläichzäiteg immens dréchene Mount mat 6,8 l/m². Wéi Meteolux mellt, war leschte Mount den drëttdréchenste Juli zanter den éischten Opzeechnungen am Joer 1947. Am mannsten Nidderschlag koum am Joer 1949 erof mat 2,2 l/m².

Mat Bléck op d’Temperature konnt festgestallt ginn, dass et e waarme Juli war, wat awer net aussergewéinlech fir e Summermount ass. D’Duerchschnëttstemperatur louch dëst Joer bei 20,6 °C. Dat ass 1,9 °C méi wéi de Schnëtt vun de Joren 1991-2020 mat enger Moyenne vun 18,7 °C. De Juli 2022 kënnt op déi sechst Plaz vun de wäermste Juli-Méint zanter 1947.

En Hëtztrekord gouf et leschte Mount mat enger Héchsttemperatur vu 36,3 °C awer net. De 25. Juli 2019 goufen um Findel nämlech 39,0 Grad gemooss.