2 Wochen no Annonce vu FermetureSozialplang mat Direktioun vu Mierscher Firma Anthogyr ausgehandelt

RTL Lëtzebuerg
D'Direktioun vun der Firma Anthogyr hat d'Gewerkschafte virun zwou Woche kal erwëscht mat hirer Annonce, de Produktiounssite zu Miersch zouzemaachen.
© Envato Symbolbild

E Freideg huet den LCGB matgedeelt, dass d’Personaldelegatioun e Sozialplang mat der Direktioun vum Produzent vun Zännimplantater ausgehandelt huet. Et bleift zwar fir den Ament nach ëmmer bei 28 vun den annoncéierten Entloossungen, d’Gewerkschaft hofft awer, datt dës Zuel nach erofgoe kann, well all betraffene Salarié eng Plaz am Grupp proposéiert krut, zu deem Anthogyr gehéiert. Den LCGB wëll, eegenen Aussoen no, donieft d’Mataarbechter op der Sich no enger neier Plaz ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO