Am HeischtergronnSpektakulären Accident ouni Blesséierter - Chauffer hat ze vill gedronk

RTL Lëtzebuerg
Zolidd gerabbelt huet et an der Nuecht op e Méindeg op der Kräizung vum Heischtergronn a Richtung Eschduerf.

En Automobilist huet hei an der laanger Lénkskéier d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer, huet e Verkéiersschëld an Ofspärgitter vun der Eschduerfer Biergcourse mat ewechgeholl an ass dunn eréischt e sëllege Meter méi spéit an enger Wiss un d’Hale komm.

Geschitt ass den Accident kuerz no Hallefnuecht vun e Sonndeg op e Méindeg.

Wéi d’Police op Nofro hi bestätegt, blouf et beim Materialschued. Den Alkoholtest beim Chauffer war allerdéngs positiv an de Fürerschäi gouf nach op der Plaz agezunn.

© Domingos Oliveira

E Méindeg de Moie gouf et zwee Blesséierter no engem Accident zu Mamer, dat kuerz virun 11 Auer. Zwee Autoe waren hei anenee gerannt.

Back to Top
CIM LOGO