
E Mëttwoch de Moien huet d’Spezialkommissioun iwwert d’Caritas-Affär d’CSSF gesinn. D’Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur huet an der Suite vum Bedruchsskandal jo och eng Enquête lancéiert gehat.
E Mëttwoch de Mëtteg interesséiert dann dat allgemengt Sécherheetsgefill am Land. Dorëms geet et an der Kommissioun vun den Affaires intérieures, genee wéi ëm eng Etüd vun der General-Inspektioun vun der Police iwwert d’Zesummenaarbecht vu Police a Pecherten.
De Chamberpresident Claude Wiseler ass iwwerdeems zu Namur op Visitt am wallounesche Parlament.