Problemer mam Personal a kee KriseplangSpezialrapport prangert Zoustänn an der Unisec un

Claude Zeimetz
D'Ombudsman an den Ombudsman fir Kanner hunn an hirem Spezialrapport der Chamber eng Abberzuel vu Problemer an der Unisec opgezielt.
Spezialrapport prangert Zoustänn an der Unisec un
D’Ombudsman an den Ombudsman fir Kanner hunn an hirem Spezialrapport der Chamber eng Abberzuel vu Problemer an der Unisec opgezielt.

D’Ombudsman Claudia Monti an den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit hunn den zoustännegen Deputéierten hire Spezialrapport iwwert d’Konditiounen an der Unité de sécurité fir Mannerjäreger zu Dräibuer presentéiert.

Spezialrapport prangert Zoustänn an der Unisec un

Déi Unisec also, déi ëmmer rëm wéinst Plazmanktem, Iwwergrëff an elo rezent nach an der Diskussioun war, well déi Responsabel keng Leit méi fannen, fir dohinner schaffen ze goen an dowéinst deels op eng Privatsécherheetsfirma mussen zréckgräifen. D’Claudia Monti an de Charel Schmit hunn op eng Abberzuel Problemer higewisen. Déi grouss Hoffnung läit elo op der geplangter Reform vum Jugendschutz- a Jugendstrofgesetz.

D’Unisec war e Bëbee, dee schrecklech laang gebraucht huet, fir op d’Welt ze kommen, de Site hätt réischt 2017 mat Konzepter aus den 1990er opgemaach, déi deen Ament schonn iwwerlieft gewiescht wieren, sot d’Ombudsman Claudia Monti, déi och fir d’Kontroll vun zouene Strukture wéi dem Prisong an eben an dësem Fall der Unisec responsabel ass. Definitiv keng gutt Startbedéngunge fir eng nei Struktur, fir déi et bis haut och nach ëmmer kee richtegt Konzept, kee richtegt Profil vun der Populatioun gëtt. Datt et iergendwann an deenen dote Konditiounen zu Rebelliounen an Iwwergrëff kënnt, hätten d’Leit, déi de Secteur kennen, scho laang komme gesinn. E Mëttwoch de Moie kruten d’Deputéiert eng ganz Rei vu Verbesserungspunkten opgezielt, bei deenen ugesat misst ginn, fir den Encadrement fir déi Mannerjäreg zu Dräibuer ze verbesseren.

Erstaunlech awer wouer, et gouf bis elo weder eng konkret Opdeelung vun de Chargë beim Personal nach e Kriseplang fir d’Unisec, an deem gereegelt gëtt, wéi am Eeschtfall reagéiert gëtt a wien alles am Gebai intervenéiert, wann d’Situatioun eskaléiert. Dorunner géif awer elo no den Iwwergrëff Uganks Januar geschafft. Als Rappell: hei haten eng hallef Dose Jonker refuséiert fir owes an hir Kummeren ze goen an et koum zu engem gewalttätegen Iwwergrëff, bei deem net nëmme Polizisten a Personal, mä och Mannerjäreger sou blesséiert goufen, datt se an d’Klinik hu misse bruecht ginn.

Justiz- an Educatiounsministère hoffen alle béid, datt déi geplangte Reforme vum Jugendschutz a Jugendstrofrecht séier kënne gestëmmt ginn. Da kéint een och d’Unisec déifgräifend reforméieren.

Den Avis vum Staatsrot léisst den Ament awer emol nach op sech waarden.

Dat ganzt Schreiwes vum Okaju an dem Ombudsman fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO