Iwwerall ginn et Konflikter respektiv Kricher. D’Ziviliste geroden tëscht Fronten an doduerch gëtt d’Aarbecht fir ONGe wéi Médecins Sans Frontières ëmmer méi geféierlech.De Generaldirekter vun MSF Lëtzebuerg, den Thomas Kauffmann
“D’Joer 2024 war e Joer vun der Continuatioun vu Krisen an d’Krisen hu sech nach weider verschlëmmert. Ech denken do un den Ukrain-Krich, un d’Situatioun an der Gazasträif. Mee ech denken do och un d’Situatioun am Sudan, am Haiti. Also mir si wierklech ëmmer méi ënner Drock. Donieft constatéiere mir eng Hausse vun der Gewalt géint d’Zivilisten, mee och géint dat medezinescht Personal.”
De Generaldirekter insistéiert op dem Punkt. Aktuell wier d’Sécherheet vum sougenannten “Champ humanitaire” e grousse Problem.
“Dësen humanitäre Couloir, dësen Espace, dee bis ewell ëmmer duerch international Konventioune protegéiert war, wéi zum Beispill duerch den Droit humanitaire international, ass elo ëmmer manner protegéiert. Mir schwätzen do vun enger Reduktioun vum Champ humanitaire. Dat heescht, humanitär Organisatioune wéi MSF sinn um Terrain ëmmer manner geschützt. Dat ass ëmmer méi problematesch,well Spideeler, Ambulanzen, d’Personal an och eis Patiente ginn zur Zilscheif. An dat willkürlech. Mir schloen Alarm, well et kee Respekt méi gëtt.”
Médecins Sans Frontières kéint net op de Wee goen, fir hiert eegent Personal zum Beispill duerch Sécherheetsagente schützen ze loossen.
“Andeems mir neutral sinn, protegéiere mir eis. Dat heescht, mir affichéieren eis a bleiwen an all Konflikt neutral. Sou weess all Säit, dass mir neutral humanitär Aarbechter sinn an d’Leit soignéieren, ouni ze diskriminéieren oder eng Säit ze huelen. Wa mir net respektéiert ginn, da musse mer eis Aarbecht astelle fir ze weisen, dass mer net an esou Konditioune kënne schaffen.”
2024 war medial virop markéiert vum Krich an der Gazasträif. MSF ass scho laang do aktiv a schwätzt vun enger Situatioun wéi et se nach ni gouf.
“Mir sinn an enger ganz klenger Zone, déi awer extrem dense bewunnt ass. Dat virop vun Zivilisten. An anere Konfliktzone kann d’Zivilpopulatioun meeschtens fortlafen an da kënne mir Flüchtlingscampen en place setzen, mee hei war dat net méiglech. Mir waren am Zentrum vum Konflikt selwer. An mir gesinn dass d’Populatioun an och eis Kolleege sur Place eis soen, dass wierklech alles zerstéiert ass an alles nees muss opgebaut ginn. Dat ass een Ausmooss wéi mer et bis ewell net kannt hunn.”
D’Annonce vum Donald Trump, fir aus der Gazasträif eng Riviera vum Noen Osten ze maachen, hält den Direkter vun MSF Lëtzebuerg fir extrem komesch. Dem Trump seng Aussepolitik mécht dem Thomas Kauffmann ganz allgemeng Suerge fir d’Zukunft. Hie bedauert, dass den Donald Trump Milliarden-héich Subventiounen an der Entwécklungshëllef einfach gestoppt huet. Vill Krankheete goufe vun der Agence USAID soignéiert. Dat ass elo net méi méiglech.
“Also dat, wat mir den Ament gesinn, duerch dëst Afréiere vun amerikanesche Subventiounen, ass e Risiko fir Millioune Leit. Si riskéieren, méi aarm ze ginn, méi eng schlecht Gesondheet z’entwéckelen a si riskéieren ze stierwen.”
Och de Klimawandel concernéiert déi humanitär Organisatioun ëmmer méi.
“Et gi Krankheeten, déi sech entwéckelen oder déi nach méi schlëmm ginn, duerch d’Verännerung vun eisem Klima a verschiddene Regioune vun dëser Welt. Ech denken do zum Beispill u Malaria. Donieft ginn och ëmmer méi Populatiounen duerch de Klimawandel deplacéiert.”
Et gëtt een direkte Lien tëscht dem Klimawandel an der Gesondheet vun de Leit, erkläert de Generaldirekter vun MSF Lëtzebuerg. Dofir lancéiert MSF zesumme mat Greenpeace nächst Woch eng gemeinsam Campagne am Kader vum Overshoot Day, dee jo fir Lëtzebuerg schonn zimmlech fréi am Joer ass an zwar de 17. Februar.
Virop misst ee soen, dass et e Verloscht wier, wann een Acteur aus der Zivilgesellschaft, dee sech um Terrain ëm Leit an Nout bekëmmert, verschwënnt. Dass d’Caritas esou séier opgeléist gouf, wier problematesch, fënnt den Thomas Kauffmann. Et hätt doduerch effektiv och eng grouss Vertrauenskris am Secteur ginn. Finanziell gekuckt hat d’Caritas-Affär awer keng direkt finanziell Repercussiounen op MSF. E puer Donateuren hätten zwar ugeruff, fir sech iwwer d’Prozedure bei der ONG z’informéieren, mee et hätt ee keng Chute bei den Don’e festgestallt.
Allerdéngs hätt dës Affär dofir gesuergt, dass een déi eege Sécherheetsprozedure reevaluéiert a plazeweis méi streng gemaach hätt, erkläert de Generaldirekter vun MSF Lëtzebuerg Thomas Kauffmann.
MSF ass komplett privat finanzéiert duerch Donen. Wien d’ONG wëll ënnerstëtzen, fënnt hei weider Informatiounen