Eltereforum EttelbréckSpillgruppen, Coursen an Atelieren: Eng gemittlech Plaz fir Elteren a Kanner

RTL Lëtzebuerg
Aktuell ginn et néng där Plazen am Land an et wëll een op 15 expandéieren.
© Dany Rasqué

Eltereforum zu Ettelbréck / Reportage Dany Rasqué

Zënter dräi an engem hallwer Joer gëtt et den Eltereforum. Ee Service, deen et elo op néng Plazen am Land gëtt, ënnert anerem zu Ettelbréck.

Et ass eng gemittlech Plaz, wou den Elteren an hire Kanner Spillgruppen, Coursen an Ateliere ugebuede ginn. Den Ettelbrécker Eltereforum gëtt et zwar schonn zënter dem November 2023, mä e Freideg am spéiden Nomëtteg gouf en ageweit an et konnt och schonn e Bilan vum éischte Joer gezu ginn.

D’lescht Joer goufen et eng 140 Aktivitéiten am Ettelbrécker Eltereforum, bei deenen eng 1.200 Elteren a Kanner matgemaach hunn. Fir dat éischt Joer sinn déi Responsabel mat deene Chiffere ganz zefridden a si frou, datt d’Leit oppe fir dësen Treffpunkt sinn, wéi de Chef vum Service Gilles Rod den Eltereforum nennt.

Et ass an dësen Zäite schéin ze gesinn, datt Leit, déi à priori näischt mateneen ze dinn hunn, ausser, datt se zur selwechter Zäit e Kand kruten an dat probéiere grouss ze zéien, sech bei eis treffen. Doraus entsti Bekanntschaften, mä och esouguer Frëndschaften. Do komme Leit zesummen, déi sech virdrun net kannt hunn, déi villäicht net esou wäit ausernee gewunnt hunn.

Elteren, déi schonn an de puer Eltereforume waren, soen, deen zu Ettelbréck wier dee gemittlechsten. En ass an engem fréiere Café a läit op enger idealer Plaz, wéi de Buergermeeschter Bob Steichen seet.

Se läit am Schoulhaff a se läit och direkt nieft dem Service enfance. Et muss ee wëssen, datt mir hei zu Ettelbréck iwwert déi lescht Joren de Service enfance opgebaut hunn, wou ganz aktiv Projete fir d’Kanner aus dem Fondamental an aus der Maison relais ausgeschafft ginn. Just e klengt Beispill: Den 19. Mäerz vereedege mer deen éischte Kannergemengerot zu Ettelbréck.

Eleng duerch d’Proximitéit kéinte flott Aktivitéiten zesumme mam Eltereforum entsoen. Fir den Educatiounsminister Claude Meisch gëtt et keen Zweiwel drun, datt et wichteg ass, datt Elteren Informatioun, Ënnerstëtzung an en Echange ugebuede kréien.

“Dacks geet ee jo zeréck a seng eege Kandheet a freet sech, wat hu meng Eltere gemaach, wéi ech 5 Joer hat, wéi ech 10 Joer hat, wéi ech 15 Joer hat, wéi ech groussjäreg gouf an et probéiert een do Referenzen ze fannen. Mä d’Zäit huet einfach esou séier geännert, datt ganz villes vun deem, wat do d’Liewensrealitéit vun den Elteren an de Kanner markéiert huet, haut eigentlech net méi sou ass.”

Zil vum Service Eltereforum ass et, en onëmgängleche Partner fir d’Elteren ze ginn a geschwënn net méi just op néng mä op 15 Plazen am Land present ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO