Challenge 2024Sport géint PTBS: Ex-Zaldote fuere mam Vëlo a Kroatien

RTL Lëtzebuerg
1.300 Kilometer aus dem Rollengergronn bis an dat kroatescht "Biokovska Planinarska Staza".
Challenge 2024 : Sport VS PTBS, Ex-Zaldote fuere mam Vëlo a Kroatien 
1.300 Kilometer aus dem Rollengergronn bis an dat kroatescht “Biokovska Planinarska Staza”.

Zu 10 si si um Freideg um Punkt 9 am Rollengergronn fortgefuer, 6 dovunner um Vëlo. Fir de Sylvain Eberhardt ass et déi 2. Kéier, dass hie fir dës Streck untrëtt. Keng Rees, mee éischter e Verschaffe vun deem, wat hien an aner Zaldote viru ronn 30 Joer wärend dem NATO-Asaz an Ex-Jugoslawien erlieft hunn an dat sinn dacks keng agreabel Erënnerungen.

Den Initiateur vun der Initiativ “Challenge 2024, Sport géint PTBS” gëtt dëst Joer vu 5 aneren um Vëlo, an engem Team vu 4 Leit mat Minibus ënnerstëtzt. Dorënner d’Carmen Rollinger, déi am Undenken un hire Brudder, e Stéck matfiert.

D’Veterane setze sech scho jorelaang fir d’Intressie vun deenen an, déi a Krichsasätz waren an déi deels net verschafft kruten. Ouni Statut waren d’Therapien op hir eege Käschten. Hire Club huet gesammelt an de Concernéierten deels selwer Hëllef iwwer Telefon ugebueden. Mam viregte Minister koum Liicht an den Tunnel, seng Successeur géif hiert Uleies och eescht huelen, an et kéim ee virun an der Unerkennung vum Statut a vun hirer deels traumatescher Erfarung am Krichsasaz.

Geplangt si 14 Deeg fir déi 1.300 Kilometer vum Rollengergronn bis erof a Kroatien an dat Ganzt gouf bis op den Dibbelchen organiséiert a geplangt. Den Equipage op 4 Rieder këmmert sech no all Etapp ëm de Ravitaillement a wäert dobäi sinn, wann op der Destinatioun un hiren Asaz an un d’Affer vum Krich am fréiere Jugoslawien erënnert gëtt.

Dem Team Büffel: All Respekt fir de 2024er SPORT géint PTBS Challenge!

Back to Top
CIM LOGO