
Duerch net bezuelte Protokoller goungen dem Staat iwwer déi lescht fënnef Joer 26,5 Milliounen Euro verluer. Alles an allem goufe vun de knapp 4 Milliounen eenzele Protokoller, déi Police oder Pecherte geschriwwen hunn, der 702.000 net iwwerwisen.
De Protokoll einfach ignoréieren huet dann natierlech och Konsequenzen, wëll a 76.000 Fäll an de leschte fënnef Joer gouf den Dossier un de Parquet weidergeleet.
Vun den dräi Policegeriichter goufen doropshin eng 32.000 Ordonnancen an Héicht vu 7,4 Millioune geschwat - deemno Protokoller, déi um Enn bedeitend méi deier ausgefall sinn. Parallel goufen awer och 21.600 Affäre klasséiert.
Dës Chiffere liwwert den Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo.