Vott vun Energiebäihëllefe bis 2025Staat leet ënnert anerem just nach d'Hallschent bei Solaranlage bäi

RTL Lëtzebuerg
An der Chamber goufen en Dënschdeg déi nei Energiebäihëllefe gestëmmt. Dat mat e puer Méint Retard.
© Envato Anatoliy_gleb

D’CSV-DP-Regierung hat jo decidéiert, déi extra héich Primme vun der viregter Regierung bis Enn September ze verlängeren. Mee bis elo war kee entspriechend Gesetz gestëmmt ginn. Et gouf also e Vide.

Fir Solaranlage leet de Staat elo vun dësem Mount un nach just d’Hallschent vun de Käschte bäi. De Staat bezilt bis Enn 2025 awer weiderhi 50 Prozent vun de Käschten, fir Masutt- oder Gaschaudièren duerch méi klimafrëndlech Technologien z’ersetzen. D’Bäihëllefe fir d’energeetesch Sanéierung ginn och um Niveau vu bis elo verlängert. Dës Primme gëllen elo bis Enn 2025.

Back to Top
CIM LOGO