
D’Conseillere si skeptesch, datt mat den ugestriefte Mesuren d’individuell Rechter a Fräiheete vun de Bierger och weider respektéiert ginn.
D’Moossnamen, déi den CSV-Minister proposéiert, viséiere jo kloer Konditiounen, wéini Persounen zur Uerdnung geruff, respektiv eloignéiert a vun de Beamte matgeholl ginn. De Staatsrot stéiert sech zum Beispill drun, datt de Buergermeeschter an net d’Police oder e Riichter en zäitlecht Verbuet dekretéiere kann, fir op eng bestëmmte Plaz ze goen.
Fir de Staatsrot geet domat de Platzverweis vill méi an e méi streng gefaassten zäitlech-limitéierten “Openthaltsverbuet” iwwer a géif et virzéien, dee Passage am Gesetz bis op Weideres falen ze loossen.
Kritiséiert gëtt och d’Subjektivitéit, mat där dem Text no soll bewäert ginn, wann een am ëffentleche Raum belästegt gëtt. Hei wier dem Avis no de Wee zum “arbiträre” Jugement an der juristescher Onsécherheet virgezeechent.
Den Avis iwwert de proposéierten, méi strenge Platzverweis geet lo an d’zoustänneg Chamberkommissioun, wou den Text vum Inneminister nach emol an d’Diskussioun kënnt. An där Kommissioun leien ewell aacht aner Avisen zum Sujet, ënnert anerem vun de Parqueten an dem Syvicol. Rapporter vum Text ass den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.