EnseignementStabel Resultater an den Ofschloss-Examen

RTL Lëtzebuerg
74% vun de ronn 3.700 Schüler am Secondaire, déi d'Epreuvë matgemaach hunn, hunn den Diplome an der Täsch, et ass den identeschen Taux vum leschte Joer.
© Christophe Hochard

All 10. Schüler huet den Examen net gepackt a muss d’Joer nach emol maachen.

Fir 575 Jonker ass de Summer mat Léiere verbonnen, well si am September mussen en No-Exame schreiwen - dëst ass en Taux vun 15%, genee wéi och d’lescht Schouljoer.

Den Taux de Réussite variéiert da mam Typ vum Lycée Am Secondaire Classique läit den Taux vu Reussitte bei 85%, am Général nëmme bei 66%, wat dräi Prozentpunkte manner sinn ewéi d’Schouljoer virdrun.

Mat 86 géigeniwwer 84 % hunn am Classique liicht méi Schülerinnen ewéi Schüler den Exame gepackt.

146 Ofschloss-Schüler kruten dëst Joer d’Mentioun “exzellent” - also eng Moyenne vun op d’mannst 52 vu 60 Punkten.

Weider Informatioune fannt Dir am Schreiwes vum Educatiounsministère.

Back to Top
CIM LOGO