LCTOStad Lëtzebuerg als Tourismusmagnéit

RTL Lëtzebuerg
D'touristesch Reprise hält weider un - eleng an den Hotellen um Territoire vun der Stad goufen zejoert iwwer 1 Millioun Nuechte gezielt.
© frame&work

Dat ass e Plus vu fënnef Prozent par Rapport zu 2019. Um Camping Kockelscheier waren et souguer en Drëttel méi Clientë wéi nach viru 5 Joer.

Iwwerdeem d’gezielt Muséesvisiteuren am Casino an dem Mudam zréckgoungen, si se an der Villa Vauban em 64% an am Musée Dräi Eechelen ëm iwwer en Drëttel eropgaangen.

Alles an allem goufen an 9 Stater Muséeën iwwer d’Joer gekuckt eng 477.000 Visiteuren empfaangen - eleng fir de Mudam waren et der eng 112.000.

De Stater City Tourist Office kuckt allemol wéinst dëse Chifferen a senger Generalversammlung optimistesch op dëst Joer - sou goufen zejoert am Informatiounsbüro a bei den LCTO-Leit an de Stater Stroossen eng 160.000 Clientë gezielt.

Absolutten Highlight an der Stad bleiwen d’Bock- an d’Péitruss-Kasematte mat engen 120.000 Visiteuren - Publikumsmagnéit bleiwen och d’guidéiert Visitten am Palais, dee bei 320 Visitten eng 6.400 Leit vu banne gesinn hunn.

Déi meescht Touristen, déi d’Stad besicht hunn, kommen iwwerdeem aus Däitschland, virun de Gäscht aus Frankräich, Holland a Spuenien.

Back to Top
CIM LOGO