
Wéi een dat ëmsetze wëll, huet de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt am Interview RTL géintiwwer verroden.
“Mir wäerten an der Stad och Chrëschtbeliichtung hunn. Et ass och kloer, dass eise Service éclairage public schonn ebe bei der Buergermeeschtesch a mir passéiert ass, fir ze kucken, wou kënne mir do spueren, sief et an der Durée, dass se méi spéit uginn, d’Beliichtunge méi fréi ophalen, verschidden Deeler oder Stroossen, wou vläicht net sou kommerziell sinn, dass een do vläicht keng Chrëschtbeliichtung mécht. Ech muss awer dobäi soen, natierlech gëtt Stroum verbraucht. An der Stad hu mir alles, wat Chrëschtbeliichtung ass, alles schonn am LED. Do gëtt souwisou scho manner verbraucht. Dat heescht, mir wäerte schonn dëst Joer eng Chrëschtbeliichtung hunn. Mä et wäert vill manner sinn, wéi déi Jore virdrun.”
Och d’Äispist wäert vun de Spuermesurë betraff sinn, sou nach de Patrick Goldschmidt: “Stand haut mengen ech, wier et verantwortungslos, wa mir géifen zumindest un der Äispist festhalen.”