Inflatioun vun 2,3 ProzentStatec geet vun enger Indextranche am véierten Trimester aus
Den nationale Statistikbüro huet seng Previsioun fir d'Präisdeierecht fir dëst Joer no uewen ugepasst.
Verëffentlecht: 08.05.24 14:10, Update: 11.12.25 07:13
Déi geopolitesch Situatioun am Noen Osten huet d'Pëtrolspräisser déi lescht Méint nämlech an d'Luucht gedriwwen. Deemno geet de Statec dann och dovun aus, dass am leschten Trimester dëst Joer eng weider Indextranche erfält.