
Via Arrêté Grand-Ducal vum 20. Juni krut de laangjärege Statec-Direkter seng Pensiounsuspréch accordéiert. De Serge Allegrezza ass zanter 21 Joer un der Spëtzt vum Statec an ënnert anerem och President vum Verwaltungsrot vum POST Grupp a LuxTrust.
Donieft sëtzt de Mann mat der markanter Méck an de Verwaltungsréit vum Luxembourg Science Center an Elysis. Ier den Dokter an de Sciences Economiques appliquées bei de Statec koum, huet hien am Wirtschaftsministère geschafft an do virdrun als Chercheur beim CEPS/Instead, dem Virgänger vum LISER.
De Serge Allegrezza, deen och Generaldirekter vum Observatoire vun der Kompetitivitéit ass, kritt um Dag vu senger Pensioun seng 65 Joer. Säin Adjoint ass de John Haas.
Et ass d’Joer vun de Changementer fir de Statec, well déi 200 Mataarbechter nach eng grouss Plënneraktioun viru sech hunn a vum Kierchbierg op de Belval wäerte plënneren.