
Méi sécher Schoulweeër, keng zoubetonéiert Schoulhäff, méi eng oppe Kommunikatioun iwwer Schoulentwécklungspläng a virun allem e vill méi groussen Effort, fir déi ëffentlech Schoulen an der Stad auszebauen. Dat fuerderen déi Gréng aus der Stad e Sonndeg an engem Communiqué en Vue vun der Rentrée e Méindeg.
An der Stad Lëtzebuerg geet d‘Hallschent vun de Kanner tëscht 4 an 12 Joer aktuell an eng privat Schoul. Mam Aféiere vun der Alphabetiséierung op Franséisch kéint d‘Demande fir Plazen an der ëffentlecher Schoul massiv klammen. Dorobber misst sech anstänneg preparéiert ginn, esou den Appell vun de Stater Gréngen.