Mat Suen eleng géif et net duergoenStater Gréng kritiséiere Logementspolitik vun CSV-DP-Majoritéit

RTL Lëtzebuerg
Déi Stater gréng kritiséieren d'Logementspolitik vum Stater Schäfferot. D'CSV-DP-Majoritéit misst endlech Neel mat Käpp maachen.
© RTL

Dat war den Appell e Freideg de Moie virun der Press. De Stater Schäfferot géing zwar mëttlerweil méi Suen an d’Hand huelen, fir d’Logementsproblematik an de Grëff ze kréien, dat géing een och begréissen. Mat Suen eleng géif et awer net duergoen, fënnt de François Benoy, dee fir déi Gréng am Stater Gemengerot sëtzt. Ënnert anerem bei de VEFAen, also Wunnengen, déi nei gebaut ginn, déi d’Stad Lëtzebuerg opkeeft, géing et un engem konkrete Plang feelen, wat mat deene Wunnenge geschitt:

Extrait François Benoy

“Fir eis ass kloer: Dat si Projeten, déi mussen duerno wierklech an d’Locatioun goen. Déi mussen an der Proprietéit vun der Stad Lëtzebuerg bleiwen a prioritär wierklech zum ganz ganz groussen Deel, wann net alleguerten, wierklech an der Locatioun bleiwen, fir datt se och den nächste Generatiounen zur Verfügung stinn. Mee den DP-CSV-Schäfferot bekennt sech net kloer dozou.”

Och d’Gestion locative sociale géing net weider vum Stater Schäfferot ausgebaut ginn, sou nach déi weider Kritik vun déi Gréng um Freidegmoien. Weiderhi bräicht et eng Leerstandssteier op kommunalem Niveau an eng Erhéijung vun der Grondsteier um Bauland, sou de Fabricio Costa vun de Stater Gréngen.

Stater Gréng kritiséiere Logementspolitik vun CSV-DP-Majoritéit
Déi Stater gréng kritiséieren d’Logementspolitik vum Stater Schäfferot. D’CSV-DP-Majoritéit misst endlech Neel mat Käpp maachen.

Back to Top
CIM LOGO