Ma bis elo wier net vill dobäi raus komm, soen déi Stater Gréng. D‘Biergerbedeelegung wier symbolesch an d‘Defien a punkto Verkéierssécherheet a Commerce bleiwe grouss.Déi Gréng si skeptesch a wëllen elo selwer bei de Bierger de Bols fillen
Déi Gréng haten der Press Rendez-vous bei der Märeler Kierch ginn. Net ëmsoss: Dës Plaz wier e gutt Beispill dofir, wéi d‘Gestaltung vun engem Quartier net soll oflafen, sou de Gemengeconseiller François Benoy
“Mir sinn hei op enger ganz zentraler Plaz zu Märel. Hei ass d’Schoul, hei ass d’Kierch, hei ass de Centre culturel. A kierzlech gouf hei fir deiert Geld déi Strooss, soen ech elo mol e bëssen, oder déi Plaz hei e bëssen reamenagéiert, ouni awer wierklech dervun ze profitéieren, fir déi Plaz esou ze maachen, dass se wierklech verkéierssécher ass oder dass se wierklech e conviviaalt Zesummeliewe géif erlaben.”
D‘Verkéierssécherheet bleift ee vun den Haapt-Defien, seet de François Benoy, schwätzt notamment vum Vëlo a verweist op déi rezent Accidenter um Stater Vëlos-Reseau. Da géing de Schäfferot et verpassen, de Commerce ze beliewen. An der aler Avenue zum Beispill wier de Leerstand e Problem. Et géingen zwar vill Analyse gemaach ginn, mä Aktioune kéime keng no.
De Fabricio Costa proposéiert fir d‘Avenue da la Gare mol déi heiten:
“Ganz konkreet kéint dat zum Beispill heeschen, dass een d’Avenue de la Gare ëmwandelt an eng Foussgängerzon, eng Ëmleedung mécht vun de Busser iwwert d’Rocade an doduerch géif déi Strooss vill méi attraktiv ginn am Allgemenge fir de Quartier awer natierlech och fir de Commerce, deen am Moment ganz vill Schwieregkeeten do huet.”
Generell gesi soll d‘Gemeng méi Commercen opkafen a verlounen, sou nach déi Stater Gréng. DP an CSV hunn déi sougenannt “Aperi-tours” organiséiert, wou d‘Bierger sollen nogelauschtert kréien. Dat wier ze begréissen, seet d‘Linda Gaasch, gréng Gemengeconseillère. Ma et hätt ee Retoure kritt, datt dës Evenementer eng Zort Alibi-Veranstaltung wieren an et bleiwe vill Froen.
“Wéi ginn d’ Proposen, déi wärend dësen Apéritours gemaach ginn, berécksiichtegt? Wéi gëtt séchergestallt, dass alleguerten d’Biergerinnen an d’Bierger zu Wuert kommen? Wéi genau fléissen d’Bemierkungen, déi hei gemaach ginn an d’Entwécklungspläng vun de Quartieren an? An och gëtt et e komplette Rapport, dee vun engem onofhängege Büro gemaach gëtt an deen duerno verëffentlecht gëtt?”
Ënner anerem d‘Theme Schoul a Mobilitéit géife guer net consideréiert ginn. Déi Gréng wëllen dofir selwer eng Online-Plattform fir d‘Biergerbedeelegung schafen. Den Detail fënnt een do um Internetsite vun de Stater Gréngen.