Op der Paräisser PlazStater Police hëlt presuméierten Drogendealer fest

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch ass enger Patrull vun der Police e Mann op der Paräisser Plaz an der Stad opgefall.

Ewéi dëse d’Beamte gesinn huet, ass hie séier an Direktioun vun der Avenue de la Liberté getrëppelt. D’Beamte konnten hien awer kuerz drop stoppen a kontrolléieren. Wärend der Kontroll huet de Mann versicht, eppes ewechzegeheien. D’Beamten hu festgestallt, dass et sech ëm eng plastiks Bull gehandelt huet, an där 26 kleng Bulle mat Kokain waren.

De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an d’Droge goufe saiséiert. Hie soll e Mëttwochnomëtteg virun den Untersuchungsriichter kommen.

Back to Top
CIM LOGO