Hei goufen et Standing Ovations fir d’Djuna Bernard an de Meris Šehović, déi hir Presidence ofginn hunn, an eng grouss Majoritéit fir déi zwee nei Gesiichter un der Spëtzt. Fir d’Stéphanie Empain waren et 167 Jo- a 6 Nee-Stëmmen, a fir de François Benoy 174 Jo- an 3 Nee-Stëmmen.
Ee Joer nom Waldebakel bei de Chamberwale kucken déi Gréng op hirem Nationalkongress optimistesch an d’Zukunft. D’Zil wier kloer: D’Partei erëm op hir al Stäerkt zeréck ze bréngen, nodeems se am Oktober zejoert fënnef Sëtz verluer hat.
Fir d’Stéphanie Empain géing et net drëms goen, et besser ze maache wéi déi viregt Presidence, déi an hiren Aen eng ganz gutt Aarbecht gemaach hätt, ma et misst een déi gréng Iddien erëm salonsfäeg maachen. De Reproche vun der “grénger Verbuetspolitik” léisst d’Ex-Deputéiert net gëllen, schliisslech wieren Ëmwelt a sozialen Zesummenhalt Themen, déi jidderee betreffen. Et kéint och bis elo keen hir soen, wat déi Gréng verbueden hätten: “Am Fong geholl huet sech jo näischt geännert, déi aner Parteie maachen deementspriechend genee déi selwecht, wann een da sou géif soen, ‘Verbuetspolitik’. Mee se maachen awer vill Saachen net.”
De François Benoy kuckt selbstkritesch op déi lescht zéng Joer vun de Gréngen an der Regierung, a stellt fest, dass ee vläicht anescht mat de Leit kommunizéiere misst.
An hire Rieden hunn déi aktuell Deputéiert Bernard a Šehović net mat Kritik un der blo-schwaarzer Regierung gespuert. Déi géif eng Politik ouni Wäitsiicht, mee fir déi “oberen Zehntausend” maachen. Bei der Gestioun vun der Affär Caritas hätt se hiert, fir déi Gréng, kaalt Häerz gewisen.
D’Verspriechen am Beräich Logement wiere verpufft. Wat d’Ëmwelt ugeet, do wier den zoustännege Minister Wilmes total ënnergetaucht, a géif wuel dem Slogan “0 Emissiounen” unhänken. Dass d’Regierung elo d’Aide fir nohalteg Mobilitéit zeréckfiert, wier Schued. Deene Gréngen no wéilten d’Leit keng Ëmweltpolitik mat “ugezunnener Handbrems”.

D’Handbrems wëllen déi Gréng och op EU-Niveau verhënneren- och wann ee bei de Wieler net esou beléift ass, wéil ee bei den Inhalter kee Waasser a säi Wäi schëdden.