Déi Erfarung huet de Philippe de Koninck gemaach. Am Mäerz 2023 hat hien den Dierwiechter doheem stoen. 47.000 € wollt hie fir d’Steieramt akasséieren. Fir d’Joren 2017 an 2018, plus Zënsen. D’Ofrechnunge wieren am Juli 2022 un de Mann geschéckt ginn. Hien hätt deemools ënner staarken Depressioune gelidden, seet de Philippe Dekoninck. “Je n’ai pas vu passer ces documents. Mais j’ai été négligeant, je peux le dire et j’insiste dessus: j’ai été négligeant du côté suivi des couriers.”Dovunner ofgesinn hat de Philippe Dekoninck awer weder Revenuen, déi déi héich Steierschold erkläre géifen, nach Steiererklärunge fir besote Joren agereecht. Seng Fiduciaire huet schlussendlech de Feeler fonnt.
De Mann hat 2017 mat sengen zwee Geschwëster an der Belsch Wäertpabeiere geierft. Déi belsch Bank hat d’Steieramt informéiert. Dës Informatioune wieren awer net komplett gewiescht, notéiert d’Fiduciaire. Där hir Analys RTL virläit. Esou hätt d’Steieramt net gewosst, datt déi besteiert Wäertpabeieren net dem Mann eleng gehéiert hunn. Hien also just op een Drëttel misst besteiert ginn. Ausserdeem wär de ganze Produit vun der Vente besteiert ginn, net just de Benefice. An d’Wäertpabeiere wäre méi wéi 6 Méint am Besëtz vun de Geschwëster gewiescht, deemno wär iwwerhaapt keng Besteierung ugefall.
De Philippe Dekoninck huet d’Steieramt gefrot, fir ze verbesseren. Spréch seng Schold vu 47.000 € z’annuléieren. Hie wär awer bereet gewiescht, eng Strof ze bezuelen, seet de Mann. Ma zu deem Zäitpunkt war de Steierbescheed schonn ee Joer al an déi dräi Méint, fir ze reklaméieren, laang ofgelaf. Hie krut e Refus vun der Division contentieux. Trotz Doktesch Certificat, dee schwéier Depressiounen attestéiert mat méiglechem Impakt op d’Reaktiounsfäegkeet.
“D’Steieramt hält sech hei streng un d’Gesetzer”, seet d’Claudia Monti. D’Ombudsman ass ëmmer nees mat esou Dossiere befaasst. Ma och wann d’Vollstreckung schonn ugelaf wär, kéint d’Situatioun vum Steierzueler opgrond vun neien Dokumenter reevaluéiert ginn. “Si maachen et awer am Moment just nëmmen, wann et an hirer Faveur ass. Dat heescht, wa si gesinn, datt net genuch Steiere bezuelt gi sinn, da komme se bei Iech. Mee wann dir Piècen duerno eragitt, datt dir vläicht och vill, vill ze vill Steiere reklaméiert krut, do gi se seelen drun.”
D’Ombudsman prangert dësen Desequiliber ëmmer nees an hire Joresrapporten un. Viru Kuerzem nach an der Chamber. “Mir fannen et extrem ongerecht. Virun allem wann et ëm héich Zomme geet. An heiansdo geet et wierklech ëm ganz héich Zommen. Do si mer der Meenung: eppes wat net geschëlt ass, hu si och net ze reklaméieren. An hinnen entsteet jo doduerch kee Schued.”
D’Steierverwaltung wollt sech am Kader vum Reportage weder zum spezifeschen Dossier, nach zu de generelle Reprochë vum Ombudsman äusseren. De Philippe Dekoninck iwwerdeems bleift op der Steierschold sëtzen. Net evident, scho guer net, wann een am Chômage ass. D’Famill géif him elo beim Ofbezuelen hëllefen. Am anere Fall géif säin Auto saiséiert ginn, warscheinlech och säin Appartement, seet de Mann, deen awer ervirhiewe wëll, datt den Dierwiechter bis elo immens korrekt mat him gewiescht wär.