Grupp vu Creos an EnovosStroum- a Gaspräisser klammen dat nächst Joer

Jean-Marc Sturm
Fir Encevo, de Grupp an deem Enovos a Creos regruppéiert sinn, war 2023 ee Joer, an deem een en nohaltege Wuesstem konnt realiséieren.
Stroum- a Gaspräisser klammen dat nächst Joer
Fir Encevo, de Grupp an deem Enovos a Creos regruppéiert sinn, war 2023 ee Joer, an deem een en nohaltege Wuesstem konnt realiséieren.

D’Chiffere weise kloer no uewen, d’Tendenz bei de Präisser mëttelfristeg och. Bei der genauer Präispolitik ginn et awer fir de Client bei Stroum a Gas vill Inconnuen.

Wéi et weider geet, hänkt dervunner of, wéi d’Situatioun beim Akaf evoluéiert. Et keeft een um internationale Maart net vun Dag zu Dag, mä iwwert eng Zäitspan vun 3 Joer. Esou laangfristeg Akeef kënnen zwar brutal Fluktuatiounen offiederen, ënnert dem Stréch dierft fir de Client d’Rechnung awer klammen, wann de Präisdeckel eent zu eent 2025 fale gelooss gëtt.

Rezent hat de Statec beim Stroum bis zu 60% a beim Gas ëm 17% Präishausse virausgesot. Et dierft an deene Paragë leien, esou de Generaldirekter vun Encevo Claude Seywert

“Jo, mir gesinn et änlech ... dat heescht, beim Gas dierft sech net d’Welt änneren. Beim Stroum gëtt et ouni Hëllefen, ouni ee Phase-out oder soss iergendeppes, deen d’Gréisstenuerdnung 40-50% ka sinn”

Zum Geschäft dann: Den Netto-Benefice ass op 171 Milliounen Euro geklommen. Et gëtt déi Kéier och Dividenden. Den Ëmsaz hat eng Hausse vun 1,6 op iwwer 5 Milliarden.

D’Investitioune lounge mat 336 Milliounen op Rekordniveau an et dierft weider vill investéiert ginn, besonnesch an d’Reseaue virum Hannergrond vun den erneierbaren Energien, déi fir de reng nationale Stroummaart mat virop der Wandenergie awer och der Photovoltaik ëmmer méi e grousse Poids kréien. Och an der Groussregioun gëtt weider an d’erneierbar Energien investéiert. Och de Waasserstoff soll mëttelfristeg een zolitte Bestanddeel vun der Strategie sinn.

Back to Top
CIM LOGO