Dat verséchert de Grupp “People&Baby” telefonesch op RTL-Nofro. Och a Frankräich wier een zanter 4 Méint mat enger ganz neier Direktioun am gaangen eng “transformation profonde” ze entaméieren. Dat ass an engem offizielle Statement vum franséische Grupp ze liesen.
Zu de Faiten: D’Publicatioun vum Buch “Les Ogres” vum franséische Journalist Victor Castanet huet dës Woch an eisem Nopeschland fir Opreegung gesuergt. Hien denoncéiert presuméiert Mëssstänn vum Crèche-Grupp “People&Baby”. D’Praxis wier op d’Profit-Maximéierung aus. Rieds ass vu gewaltvollem Ëmgang, qualitativ schlechtem Iessen, oder och nach dass d’Kanner am Däischtere sollen agespaart gi sinn. D’Beschëllegunge bezéien sech op eng Enquête, déi de Journalist a Frankräich gemaach huet. Ma genee dëse Grupp huet och hei am Land Crèchen a Foyere fir Kanner. Konkret geet et ëm d’Crèchen “Barbara”, déi bis 2019 der DP-Deputéierte Barbara Agostino gehéiert hunn. Donieft gehéieren dem Grupp och nach d’Strukturen “Tiramisu” uechter d’Land.
Op Nofro beim zoustännege Ministère fir Educatioun, deen zu Lëtzebuerg d’Agrèmenten fir d’Crèche gëtt, ass gewuer ze ginn:
“D’Servicer vum Grupp „People and Baby“, wéi och aner Gestionnairen, si rezent kontrolléiert ginn. Dës Kontroll ass deelweis nach am Gaang. Et goufe keng gravéierend Verstéiss bei de Strukture vum Grupp „People and Baby“ festgestallt. Et leien dem Ministère och keng Informatiounen iwwer Maltraitancë vir.”
Ma och wann d’Crèchë vum Grupp People&Baby hei am Land vun der Recherche an de Beschëllegunge vum franséische Journalist net betraff sinn, géingen d’Revelatiounen den Educatiounsministère besuergen. Weider heescht et an enger schrëftlecher Äntwert: “An enger Reunioun, déi nächst Woch mat de Vertrieder vun der Direktioun vu People and Baby Lëtzebuerg stattfënnt, wäert de Ministère d’Berichter aus Frankräich an d’Situatioun zu Lëtzebuerg thematiséieren.”
Och vun der zoustänneger Federatioun fir d’Crèchen hei am Land, FELSEA, heescht et, dass d’Kontrollen hei vill méi streng wieren. D’Strukture vum Grupp “People&Baby”, deen och Member vun dëser Federatioun ass, wieren am Grand-Duché nach ni negativ opgefall. Dat seet den Tom Baumert, Direkter vu Luxembourg Confederation, am RTL-Interview am Numm vun der zoustänneger Federatioun FELSEA.
Ma och wann déi iwwer 20 Strukture vum Grupp “People&Baby” hei am Land net vun der Kritik an der journalistescher Recherche betraff sinn, wëll den zoustännege Ministère den Dialog sichen. Dozou heescht et an der Äntwert vum Ministère un RTL:
“An enger Reunioun, déi nächst Woch mat de Vertrieder vun der Direktioun vu “People and Baby Lëtzebuerg” stattfënnt, wäert de Ministère d’Berichter aus Frankräich an d’Situatioun zu Lëtzebuerg thematiséieren.”