
Déi responsabel Ministesch Stéphanie Obertin huet en Donneschdeg zesumme mat der Studentenassociatioun Acel e Grondsazaccord an deem Sënn ënnerschriwwen, deen eng ganz Rei finanziell Verbesserunge fir déi Jonk virgesäit. All Indextranche, déi erfält, soll vum iwwernächste Schouljoer 2026/2027 direkt am nächste Semester mat verrechent ginn, wéi den Héichschoulministère eis op Nofro hi matgedeelt huet.
Donieft gëtt ënnert anerem eng “Prime de réussite” vun 250 Euro agefouert, wann ee säi Studium an der virgesinner Zäit packt. D’Mobilitéitsbourse geet ëm knapp 5% op 3.200 Euro erop an d’Studente sollen an Zukunft net méi 2% mä 1,8% vum Studenteprêt nom Ofschloss vun hirem Studium rembourséiere mussen.
All dës Changementer mussen elo mol nach an e Gesetzprojet am Héichschoulministère gegoss ginn.
Vum Staat gouf et fir d’akademescht Joer 2023/24 iwweregens iwwer 170 Milliounen Euro a Form vu Bourssen a méi wéi 120 Milliounen a Form vu Studenteprêten.