
No méi ewéi zwee Joerzéngte mécht d’Geschäft Studio-Land zu Conter um Enn vum Joer seng Dieren definitiv zou. Bei der Direktioun si mer gewuer ginn, datt ee vun de Grënn fir d’Fermeture de Verkaf op digitale Plattforme wier, deen an de leschte Jore staark zougeholl hätt.
Genee wéi zu Conter leeft och op der Cap beim Babibutz den Ausverkaf. D’Regaler si sou wäit schonn ofgeriicht.
Vun de Responsabele vu Kichechef, zum deem de Babibutz gehéiert, heescht et, datt vill Facteure bei där Decisioun matgespillt hätten. De Verkafsmodell wier an der aktueller Form net méi zäitgeméiss. Dem Konsument seng Gewunnechten hätte geännert, sou géifen zum Beispill manner Lëschte gemaach ginn an et géif villes um Second-Hand-Maart verkaf- a kaf ginn. Op der Surface, déi lo wärend 14 Joer fir d’Puppelcherssaache reservéiert war, soll eppes anescht entstoen.
