Suergekand KronospanSuessemer Biergerinitiativ fuerdert Transparenz beim Ausbau vu Fabrick

Jean-Marc Sturm
Jeannot Ries
Der Biergerinitiativ BIGS feelt et un Transparenz a Kommunikatioun beim Ausbau vun der Kronospan. Et wéilt ee wëssen, wat do an d'Ëmwelt geblose gëtt.
Suergekand Kronospan: Suessemer Biergerinitiativ fuerdert Transparenz bei Ausbau
Der Biergerinitiativ BIGS feelt et un Transparenz a Kommunikatioun beim Ausbau vun der Kronospan. Et wéilt ee wëssen, wat do an d’Ëmwelt geblose gëtt.

Nieft dem Contournement ass fir d’Biergerinitiativ Gemeng Suessem, kuerz BIGS, Kronospan dat zweet grousst Suergekand. Den Industriebetrib géif sech behuelen, wéi wann deen iwwert de Gesetzer géif stoen. Am Viséier ass den Ausbau vun der Fabrick bei Suessem.

D’Biergerinitiativ schwätzt vu versichtem “Fait accompli” beim Ausbau vun der Kronpospan. D’BIGS wëll, dass d’Oplage respektéiert an dass d’Transparenz spillt. Iwwer 400 Leit hunn eng Petitioun ënnerschriwwen, fir sech géint de Geroch, de Kaméidi an de Stëbs ze wieren. Et wëll ee wëssen, wat do an d’Ëmwelt geblose gëtt, esou de Romain Borrelbach.

“Dat ass jo och eist grousst Begieren hei, dass déi Kronospan, déi Industrie hei besser kontrolléiert gëtt an dat transparent no baussen, eis dem Vollek, kommunizéiert gëtt. Nëmmen da kënne mir verstoen, wat hei geschitt an novollzéien, wat hei geschitt, wat elo den Ament net de Fall ass.”


D’Buergermeeschtesch vun der Gemeng Suessem Simone Aselborn-Bintz confirméiert, dass den Ausbau gestoppt gouf, well an der Prozedur nach eng Ënnerschrëft feelt, och wann ee weess, dass déi Ënnerschrëft komme wäert. D’Reegele missten awer nun emol respektéiert ginn. Et dierfen awer nach Stabiliséierungsaarbechten un enger neier Struktur gemaach ginn, déi ëmmerhi 40 Meter an d’Héicht geet. D’Suessemer Buergermeeschtesch wéilt awer op alle Fall, dass alles an der Transparenz geschitt tëscht de Ministèren, der Gemeng an de Bierger.

“Wann ech richteg informéiert sinn, mécht de Ministère Analysen. Ob mer als Gemeng der och selwer solle maachen, dat kann ee sech iwwerleeën. Ech verschléisse mech do net. Et ass awer och esou, dass mir als Gemeng probéieren, transparent ze sinn. Mir hunn zum Beispill Rendez-vous fir zesumme mam Gemengerot Kronospan kucken ze goen, wou och den Direkter do ass, fir Explikatiounen ze ginn. Wat eis wichteg ass, ass dass mer d’Industrie, déi mer hunn awer och transparent kënnen erklären, wat se do maachen. An ebe wann do ee Probleem ass, da kann een direkt dergéintgoen oder Bescheed soen, wann eppes soll richteg gemaach ginn.”

Fir d’Zukunft hofft d’Gemeng Suessem, dass a Saache Kronospan ee gudden Deel vun deem spezifeschen Trafic vun de Camionen op der Strooss eriwwer op den Zuch an d’Schinne wiesselt.

Back to Top
CIM LOGO