
Eleng fir d’Joer 2023 notéiert de Gesondheetsministère 48 Doudesfäll duerch selwer zougefouert Blessuren. Dëst stellt e Mortalitéitstaux duerch Suicide vu 6,3 op 100.000 Awunner duer. An der EU läit deen Taux bei 10,2 op 100.000 Leit.
Männer hu generell ee méi en héijen Taux vu Suicide wéi Fraen. 2023 waren et zu Lëtzebuerg 12 Fraen an 36 Männer.
Doriwwer eraus geet aus dem “Plan national prévention sucide” a senger Evaluatioun ervir, datt de
Selbstmordtaux bei Jonken a bei eelere Leit méi héich ass.
Zejoert hunn dann och eng 14.699 Persoune vun enger Prise en charge vu psychotherapeutesche Leeschtungen duerch d’Krankeversécherung profitéiert. Dëst waren eng 9.700 Fraen an eng 4.800 Männer.
D‘Formatiounen zur Suicideprävention fir zum Beispill Enseignanten a Jugendlecher sinn der Gesondheetsministesch no weider ausgebaut ginn. Esou goufen och eng 6.900 Secouristen zum Thema vun der psychescher Gesondheet
ausgebilt.
Fir den Depistage ze verbesseren, huet de Conseil scientifique du domaine de la santé viru véier Joer schonn eng
Recommandatioun un d’Hausdoktere geriicht an drun erënnert, datt Tester disponibel sinn, fir de psychosoziale Risiko an d’Suchtverhale bei Jugendlechen z’evaluéieren, well dëst kann en Zeeche vun Onzefriddenheet an e Risikofacteur fir e Suicide sinn.
D’Informatiounen zum Sujet liwwert d’CSV-Ministesch Martine Deprez an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piratendeputéierte Marc Goergen.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu