
Et ginn den Ament falsch Mailen an och Appellen, déi am Numm vum Supermarché gemaach ginn, an deenen ee virgegaukelt kritt, de Gewënner vun engem Concours ze sinn. All dëst stëmmt natierlech net, bei de Mailen handelt et sech also ëm Phishing.

D’Chaîne preziséiert, datt een ni Bank-Donnéeë vu senge Clientë freet, all Concourse géife just iwwer déi offiziell Websäit lafen.