Mobbing an der Fonction publiqueSyndikater fuerderen onofhängeg Entitéit mat Sanktiounspouvoir

RTL Lëtzebuerg
Mobbing an der Fonction publique ass net just e marginale Phänomeen. Sou heescht et de Moie vun den OGBL-Entitéiten SEW a Landesverband.

Si stéiere sech un Aussoe vum zoustännege Minister Serge Wilmes virun zwou Wochen an der Chamber, wou hien am Kader vun engem Debat refuséiert hat, zousätzlech Mesuren ze ergräifen, fir géint Harcèlementer am ëffentlechen Déngscht virzegoen.

Dat wier ëmsou méi erstaunlech, well d’Regierung sech op de Fändel geschriwwen hätt, keng Form vu Belästegungen ze toleréieren, heescht et an engem Communiqué.

Op Säite vun de Syndikater fuerdert een eng onofhängeg Entitéit, déi och en eegenen Enquêtë- a Sanktiounspouvoir misst hunn.

Virun allem wou d’Leit aus dem ëffentlechen Déngscht sech kéinten hin adresséieren, wann hiren “Supérieur hiérarchique” deen ass, dee belästegt.

Back to Top
CIM LOGO