Avis virun de BudgetsdebattenSyvicol: Prinzip vu Plaffonge soll bleiwen, missten awer ugepasst ginn

Jean-Marc Sturm
An der politescher Aktualitéit ass et geschwënn un de Budgetsdebatten.
© Envato Symbolbild

Um Krautmaart kommen esou lues d’Avise vun de politeschen Acteuren eran. Do ass ënner anerem dee vum Gemengesyndikat. De Projet fir de Staatsbudget 2025 war e Méindeg de Moie Sujet an der Kommiteessëtzung vum Syvicol.

Beim Syvicol ass ee global gesinn zefridden, well d’Gemengen ëmmerhin 250 Milliounen Euro méi an d’Keese kréien, sou de Syvicol-President Emile Eicher:

“Dat ass eng gutt Iwwerraschung, déi mir kritt hunn. 100 Millioune méi Impôt commercial, 150 Millioune méi am Fonds de dotation communale. Dat hëlleft, vill Lächer ze fëllen, déi den Ament existéieren. Mir haten an de leschte Joren eng enorm Präisdeierecht ze verkraaften, esou wuel bei den Investitiounen. De Besoin ass do immens gewuess, fir do nach iwwerhaapt kënnen Investitioune virzehuelen”.

D’Lächer goufe mat der Deierecht nawell relativ zolidd méi grouss. D’Subventiounen, déi een dogéint vum Staat kritt, hunn net bougéiert.

De Staat géif net asprangen, fir dee Plus u Käschte matzedroen, esou den Emile Eicher. Do missten e puer Saachen änneren. De Gemengesyndikat stellt ënner anerem d’Plaffonge vun de Subventiounen a Fro, esou den Emile Eicher weider. Onofhängeg vun der politescher Faarf si sech d’Memberen am Syvicol-Kommitee eens, dass et beim Prinzip vun de Plaffonge soll bleiwen, se missten awer der Realitéit ugepasst ginn.

Back to Top
CIM LOGO