
Mat dësem Präis, deen am Kader vum Silbersalz-Festival zu Halle an Däitschland vergi gëtt, gi Medie-Bäiträg geéiert, déi sech drop konzentréieren, Wëssenschaft a Medien zesummenzebréngen.

“Take Off” gouf hei e Freideg mam Young Audience Award geéiert. Mat dësem Präis gi Produktiounen ausgezeechent, déi déi nächst Generatioun vu jonke Wëssenschaftler begeeschteren an inspiréieren.