
Wéi d’Police mellt, gouf e Samschdeg de Moien géint 11 Auer eng Caissière op enger Tankstell zu Märel mat engem spëtze Géigestand menacéiert an opgefuerdert d’Kees eidel ze maachen.
D’Fra huet dem Täter all d’Boergeld ginn, dësen huet sech dunn aus dem Stëps gemaach. Der Fra hannert der Keess ass näischt geschitt.
Bis ewell konnt d’Police de Mann net pëtzen.