
Am Juni louch den Taux variable am Duerchschnëtt bei 1,34%. De Volume u Prête mat variabelem Taux ass iwwerdeems och eropgaangen, vun 307 Milliounen Euro am Mee op elo 337 Milliounen.
Beim Taux fixe sinn d’Zënsen am Mee dann nach méi geklommen: an zwar ëm 0,9 Prozentpunkten. Den Taux fixe louch am Duerchschnëtt bei 2,26% am Juni an de Volume ass ëm 170 Milliounen Euro erofgaangen sou d’BCL.

De Statec hat d’lescht Woch festgestallt, datt allgemeng d’Immobiliëprêten hei am Land zeréckginn.