MeteoTemperature sollen iwwert de Weekend nees falen

RTL Lëtzebuerg
En Déif, dat aus Skandinavien an eis Richtungen zitt a kal Polarloft matbréngt, huet dofir gesuergt, datt d'Temperaturen am Land falen.
© AFP

Dëst Déif suergt dann och dofir, datt et de ganzen Dag iwwer ëmmer nees mat Wolleken, Wand a Reen ze rechnen ass, dotëscht kann et awer ëmmer nees opklären. Lokal ass dann nach mat Knëppelsteng ze rechnen. D’Temperature falen op bis zu 4 Grad an d’Wandspëtzte kënne bis zu 75 km/h erreechen.

E Sonndeg bleift d’Wieder da wiesselhaft, mat deels Schaueren, deels Knëppelsteng awer och emol Momenter, wou d’Sonn sech kann duerchsetzen. Um fréie Moien ass mat bis zu 2 Grad ze rechnen, déi am Laf vum Dag awer bis op 9 kënnen eropgoen.

Kal bleift et dann och e Méindeg, mat bis maximal 11 Grad, ma d’Sonn wäert sech wuel méi dacks weisen. Méi Wolleken da wuel um Dënschdeg, dat awer bei bis zu 13 Grad.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?

Back to Top
CIM LOGO