De Chiffer géif lues erop goen, mee net méi sou staark, wéi am Ufank. D’Altersmoyenne vun de betraffene Persounen géif tëscht 30 an 40 Joer leien an 99,1 Prozent si Männer. Den Dokter Jean-Claude Schmit erkläert, wéi ee sech am beschte schützt:
Wéi eng Leit sinn an éischter Linn betraff a wéini kann een zu Lëtzebuerg mat engem Impfstoff rechne kann? Opfälleg wier virun allem, datt am Grand-Duché bis elo just Männer positiv op Afepouke getest goufen. Dem Dr. Jean-Claude Schmit no verbreet de Virus sech an Europa haaptsächlech duerch Geschlechtsverkéier an der homosexueller Communautéit. Hien erkläert wéi een des Risikogrupp virum Virus schütze wëllt.
Dr. Jean-Claude Schmit: “D’Iddi ass, déi Männer ze impfen, déi Relatioune mat ville verschiddene Partner hunn. A verschiddenen europäesche Länner ass dat och well ugefaange ginn.”
De Vaccin wier bis elo prioritär an déi Länner mat deene meeschte Fäll vun Afepouke geliwwert ginn, beispillsweis Portugal, Spuenien, Frankräich an Däitschland. Lëtzebuerg huet aktuell nach keen Impfstoff, et hätt een awer vun der Europäescher Unioun versprach kritt, datt an deene nächsten Deeg 1.400 Dosisse geliwwert ginn. Soubal dat geschitt ass, géing ee mat den Impfungen ufänken. Anescht wéi bei Corona huet den Impfstoff géint d’Afepouken net extra missen entwéckelt ginn.
Dr. Jean-Claude Schmit: “Et ass eigentlech een Impfstoff géint d’Pouken, déi normal klassesch Pouken, deen eng Kräizreaktioun mat den Afepouken huet. Et ass keen neien Impfstoff, mee een dee well méi laang existéiert. D’Pouken existéiere jo net méi, mee et war ëmmer wichteg nach Impfstoff ze hunn, fir de Fall wou d’Pouke rëm géingen optauchen.”
Och wann de Vaccin fir d’éischt bei de Risikogruppen zum Asaz kënnt, kann theoretesch jiddereen domat geimpft ginn. D’ Niewewierkunge wäre minimal, schlëmmstefalls kéint ee Féiwer kréien oder déi Plaz, wou ee geimpft gouf, deet e bëssi wéi. Wann ee mengt, dat ee sech mat den Afepouken infizéiert huet, soll ee sech beim Service national des maladies infectueuses am CHL mellen, wou op der Plaz een Test ka gemaach ginn. Och wann een d’Krankheet eescht hellt, gesäit den Dr. Schmit awer kee Grond fir Panik.
Dr. Jean-Claude Schmit: “D’Situatioun ass relativ stabel. Mir gesinn, datt d’Zuelen net explodéieren, si gi lues a lues erop, mee et gëtt keng staark Iwwerdroung. Déi betraffe Leit sinn entretemps och informéiert a wëssen, datt se oppasse mussen.”
Zu Lëtzebuerg musst bis elo nach kee Mënsch wéinst Afepouken hospitaliséiert ginn. Déi betraffe Persounen hate just liicht Symptomer wéi Féiwer, geschwolle Lymphdrüsen an eben Ausschlag op der Haut. De Virus kann zwar iwwert all Kierperflëssegkeeten iwwerdroe ginn, mee et muss ee schonn enke Kierperkontakt mat enger infizéierter Persoun hunn fir sech unzestiechen.
D’Direktioun vun der Santé erënnert drun, dass ee sech soll schützen, fir d’Verbreede vum Virus ze bremsen. Dat andeems ee reegelméisseg d’Hänn wäscht an evitéiert, fir Bettwäsch oder Bueddicher mat infizéierte Persounen ze deelen an natierlech fir sech bei sexuellem Kontakt ze schützen.