5 Blesséierter op eise StroossenTëscht 6 an 9 Auer e Méindeg de Moien hat et 4 Mol gerabbelt

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, war vu 6 Auer e Méindeg de Moien un e bëssen eppes méi lass am Trafic.
© RTL Archivbild

Eng Kollisioun tëscht zwee Ween mat allkéiers engem Blesséierte gouf et eemol kuerz no 6 Auer zu Mamer an der Holzemer Strooss an nach emol géint 6.50 Auer op der A1 an Direktioun Lëtzebuerg op der Héicht vum Potaschbierg.

Kuerz no 8 Auer koum et zu engem weideren Accident zu Mamer. Déi Kéier hate sech e Bus an en Auto an der Areler Strooss ze pake kritt. Hei goufen zwou Persoune verwonnt.

Géint 8.45 Auer gouf et dann nach en Accident um CR142 tëscht Nidderdonwen an Ohn. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO