
En Automobilist hat hei d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer a war frontal an e Bam gerannt. D’Streck huet mussen nom Accident a wärend den Aarbechte vun de Rettungsdéngschter gespaart ginn.
Op der Plaz waren d’Ekippe vu Biissen, Viichten esou wéi och de SAMU vun Ettelbréck. Vun der Plaz heescht et, datt de Chauffer schwéier blesséiert gouf.
