
En Automobilist vun 21 Joer ass aus bis ewell ongekläerter Ursaach vun der Strooss ofkomm an op der rietser Säit frontal an e Bam gerannt. Fir de Mann aus dem Weste vum Land, sollt all Hëllef ze spéit kommen. En ass nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen.
Nieft dem SAMU goufen och d’Ambulanz vu Réiden, grad ewéi d’Pompjeeë vu Biekerech a Réiden op d’Plaz geruff.
D’Streck gouf bis op Weideres fir den Trafic gespaart.
E Méindeg den Owend um 18.23 Auer sinn zu Leideleng an der Rue de la Gare zwee Autoen aneneegerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.
Kuerz no 21 Auer waren nees zwee Autoen an en Accident verwéckelt, déi Kéier um Houwald an der Rue des Scillas. Och hei gouf et ee Blesséierten, woubäi an dësem Fall och de SAMU an den Asaz geruff ginn ass.
En Dënschdeg de Moie kuerz virun 8 Auer huet et op der A1 tëscht Fluessweiler a Mënsbech gerabbelt. Dräi Autoe waren hei involvéiert an eng Persoun gouf verwonnt. Deen Accident hat fir e kilometerlaange Stau gesuergt.